1. Wou d'Uelzécht durech d'Wisen zéit, Duerch d'Fielsen d'Sauer brécht, Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit, Den Himmel Wäin ons mécht: Dat ass onst Land, fir dat mer géif Hei nidden alles won, Ons Heemechtsland dat mir so déif An onsen Hierzer dron. Ons Hemechtsland dat mir so déif An onsen Hierzer dron. 2. An sengem donkle Bëscherkranz, Vum Fridde stëll bewaacht, Sou ouni Pronk an deire Glanz Gemittlech léif et laacht; Säi Vollek frou sech soë kann, An 't si keng eidel Dreem: Wéi wunnt et sech sou heemlech dran, Wéi as 't sou gutt doheem! 3. Gesank, Gesank vu Bierg an Dall Der Äärd, déi äis gedron; D'Léift huet en treie Widderhall A jidder Broscht gedon; Fir, d'Hemecht ass keng Weis ze schéin; All Wuert, dat vun er klénkt, Gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin An d'A wéi Feier blénkt 4. O Du do uewen, deen seng Hand Duerch d'Welt d'Natioune leet, Behitt Du d'Lëtzebuerger Land Vru friemem Joch a Leed; Du hues ons all als Kanner schon De fräie Geescht jo ginn, Looss viru blénken d'Fräiheetssonn, Déi mir so laang gesinn! Looss virublénken d'Fräiheetssonn, Déi mir sou laang gesinn!